Scho mäin ganzt Liewen huet mech d’Wierkung vun der Energie faszinéiert.

Obwuel ech de klassesche Beruffswee ageschloen hunn – ech sinn 1966 zu Lëtzebuerg gebuer an hunn de Familljebetrib iwwerholl – hunn mech awer parallel derzou ëmmer mat der Wierkung an dem Afloss vun der Energie weider gebilt. Am Laf vun de Joeren hunn ech mech mat verschiddenen Energie Léieren beschäftegt.

Päerd begleeden mech schonn bal een Liewen läng, well ech an enger Päerd’s begeeschterter Famill opgewuess sinn. Als sensibele Mënsch, war ech, duerch deen oft onempfindlechen Ëmgang vun mengen Matmënschen mat de Päerd, schonn fréi ofgeschreckt.

Méi spéit sinn ech erëm zum eegene Päerd komm an kenn mat him – an säit 2020 mat engem Zweeten – de Wee vum géigesäitege Respekt goen.

Haut sinn ech frou, dass ech meng zwee Leidenschaften mateneen verbonne konnt: „Päerd an Energie“. Mat der APM hunn ech eng Behandlungsmethod an eng Philosophie fonnt, déi mir entsprécht.

Als zertifiéierten APM-Therapeut um Déier stinn ech Iech an äre Päerd zu Verfügung.