Horse Felicity
Energeetesch Therapie um Päerd
APM um Déier
Wat ass APM nom Penzel?
D’Akupunkt Massage (APM) nom Penzel berout op der traditioneller chinesescher Medezin. Si ass vum Willy Penzel fir de Mënsch entwéckelt ginn an den Dieter Mahlstedt huet se op d’Päerd iwwerdroen.
Uwendung’s Beräicher vun der APM
D’APM Massage um Päerd ass eng ganzheetlech Behandlungsmethod, déi een positiven Afloss op d’Energiesystem vum Päerd huet. Sie léisst sech dofir bei verschiddenen Krankheetsbiller an Probleemer asetzen:
wann et un Energie an Loscht feelt
Aktivéierung vun de Selbstheilungskräften
Stoffwiessel Erkrankungen

Verspannung
Fehlhaltungen

Blockaden vum Beweegung’s Apparat
Takt Feeler
fir Narben ze entstéieren

Stall wiessel
an esou weider

Behandlung
All Behandlung fänkt mat der Diagnos vum Päerd un. Dofir gëtt de Kierper, an enger Distanz vun 2cm, mat den Hänn ofgetaascht an dobäi gespuert wéi eng Platzen méi oder manner Energie hunn, respektiv méi waarm oder méi kal sinn. Unhand vun deem Befonnt kann ech déi aktuell Probleemer erkennen an déi gezielt behandelen.